Loading Events
This event has passed.

Sonndes, den 28 Abrëll 2019, um 17h00 an der Arca zu Bartreng

Eng Fra an engem geschlossene Raum
Agespaart
Mat Medikamenter roueg gestallt
Vun enger Kamera iwwerwaacht

Se verzielt aus hirem Liewen
Vun hirer Kandheet
Vu Mëssbrauch an Ofhängegkeet
Vun hire Männer, déi all op eng tragesch Manéier ëmkomm sinn

Ween ass hei schëlleg
Ween ass d’Affer
A ween ass deen hannert der Mauer, deen een ni gesäit

D’Autopsy vun enger verluerener Existenz
E Séilestriptease

Spill   Michèle Turpel
Text a Regie   Jemp Schuster
Musek    Georges Urwald
Bühn an Technik   Serge Hoffmann, Claude Goetz
Affiche   Pit Weyer

 

Hei geet et bei Tickets